Historique


 

Den Daring-Club Eechternoach (kuerz: DCE) ass den Eechternoacher Foussballveräin.

 

Den Ustouss zur Grënnung vum Daring, wéi de Club genannt gëtt, goung vu Foussballbegeeschterte Studenten aus dem Iechternacher Kolléisch aus. Déi offiziell Grënnungsversammlung war den 28. Mäerz 1921 am Lokal vum Michel Lorenz an der Halergaass. Zu de Grënnungsmemberen hu gezielt: Jos Artois, Jean Casel, Victor Kries, Michel Lorenz, Alphonse Namur, Ferd Scheuer, Nicolas Welschbillig, Henri Welschbillig. Éischte President war de Jos Artois. Fir den Numm vum Veräin (ofgeleet vum Engleschen "to dare", d. h. "woen", "sech trauen") gouf sech beim deemools ganz bekannten, 1895 gegrënnten Daring-Club vu Bréissel inspiréiert.

 

Nach am Grënnungsjoer gouf dat sougenannt Daring's Léid (Lidd) vum Spiller a Komiteesmember Nicolas (Néckel) Welschbillig gedicht.

 

Am Zweete Weltkrich gouf den Daring vun de Nazie forcéiert säin engleschen Numm opzeginn a sech "F.C. Wacker Echternach" ze nennen. Ënner deem Numm war den Daring nach am August 1942 aktiv, ier hie seng Aktivitéit am Laf vum Joer agestallt huet. Vill jonk Leit aus dem Daring goufen zwangsrekrutéiert. Dräizéng Daring-Membere sinn am Krich ëmkomm, dorënner de Lucien Bentz, deen de 25. Februar 1944 zu Hinzert erschoss ginn ass. Am August 1945 huet den Daring seng Aktivitéit erëm opgeholl; beim Championnat 1946-1947 huet en nees matgespillt.

 


Les PRÉsidents

  • 1921-1928 : Jos Artois
  • 1929-1932 : Ernest Weber
  • 1933-1935 : Dr. Emile Gretsch
  • 1936-1947 : Ferd Scheuer (Ënnerbriechung am Laf vun 1942 bis August 1945)
  • 1947-1954 : Emile Faber
  • 1954-1965 : Dr. René Trierweiler
  • 1965-1970 : Jean Wengler
  • 1970-1971 : Jos Kayser
  • 1971-1984 : Charles Juda
  • 1984-1989 : Paul Schwebag
  • 1989-1991 : Gilbert Schmit
  • 1992-1994 : Vic Diedling
  • 1994-1995 : Marc Colbett (Interim)
  • 1995-2003 : René Faltz
  • 2003-2013 : Nico Flies
  • 2013-haut : Marcel Heinen